Eis Studioen
Mir nennen zwou Plazen eist Doheem: dräi Studio'en zu Fréiseng, verdeelt op zwee Gebaier nëmmen e puer honnert Meter vuneneen ewech.
An eisem gréisste Studio erwächt Kreativitéit zum Liewen. Vu Museksproduktiounen a Gesang iwwer Voiceovers, Bands a Chéier bis hin zu Instrumental Opnamen – hei fënnt all Sound seng Plaz.
Grouss Nimm wéi Snoop Dogg, Mac Miller, James Blunt an eng ganz Rëtsch u renomméierte lëtzebuergesche Kënschtler hunn hei an eisem eenzegaartege Kontrollraum hir Iddien opgeholl.
Fir eis Clientë steet e gratis Parking zur Verfügung.

Studio 2
Nëmmen dräi Minutte vun eisem Studio 1 ewech läit Studio 2 – do sinn och eis, Büroen a gemittlech Plaz fir sech z'ënnerhalen. Déi perfekt Adress, fir bei engem Kaffi iwwert nei Iddien, grouss Visiounen oder einfach esou ze schwätzen.
Studio 2 ass eisen éischte Choix fir Reklammopnamen a Reklammproduktiounen.
Fir eis Clientë steet e gratis Parking zur Verfügung.
Studio 3
Direkt nieft Studio 2 läit Studio 3 – eise Studio fir lëtzebuergesch Voiceover-Produktiounen, geleet vum Jang Linster.
Fir eis Clientë steet e gratis Parking zur Verfügung.
