Eis Servicer
„Close your eyes if you will – sound will still reach you.”
Well Klang ass iwwerall.
E beaflosst wéi mir eis fillen, wéi mir eis beweegen a wéi mir eis erënneren.
An deng Marke ass méi wéi just visuell – si ass en Erliefnis.
Mat Sonic Branding schafe mir markant Klangidentitéiten, déi deng Marke iwwer all Touchpoints direkt erkennbar maachen a kënne gefillt ginn – vu memorabele Soundlogos a Signature-Musek bis hin zu Audio-Guides fir Campagnen, Apps an Events.
Besonnesch an engem multilinguale Marché gëtt de Klang zur gemeinsamer Sprooch, déi deng Mark iwwer Kulturen an Zilgruppen vereenegt.
Mir suergen dofir, datt deng Mark net nëmme gesi gëtt, mee och gehéiert – an onvergiesslech gëtt.

Podcasts sinn Deel vun eisem Alldag ginn. Mir lauschtere gär wat eis inspiréiert – an elo bass du drun: Komm virun de Mikro!
An eisem Studio ass et ganz einfach: erakommen, schwätzen, en Espresso, erausgoen. Mir këmmeren eis ëm de Rescht – vun den Opname bis hin zum Montage a Sound Design.
Hues d’eng Iddi? Da komm eis besichen!

Reklammen
Wat mécht eng Reklamm wierklech gutt? Eng staark Iddi, eng Geschicht déi dech catched, ausdrocksstaark Stëmmen, déi perfekt Musek, präzis Soundeffekter an e Mix, wou alles zesumme spillt.
Mir bréngen all dës Elementer zesummen – a kreéieren en Toun, deen een net nëmmen héiert, mee och spiert.
Mir schaffe mat Voice Actors aus der ganzer Welt, a bidden eis Servicer a ville verschiddene Sproochen.
Texter
Groussaarteg Reklamme brauchen groussaarteg Wierder – genee do komme mir mam Copywriting an d’Spill.
Kreativ Schreiwen ass d’Konscht, Iddien an esou Wierder ëmzesetzen, datt se d’Leit wierklech erreechen. Egal ob Storytelling, Dialoger oder Lidder – alles ass méiglech. Mir bréngen däi Message esou zum Liewen, wéi s du et dir virstells.
Mat engem kreativen Team, zu dem och de Jang Linster gehéiert – ee vun den erfuerensten a renomméierste Sproocherexperten zu Lëtzebuerg – loosse mir d'Sproochen danzen, fléissen a lieweg ginn.
An deng Marke ass méi wéi just visuell – si ass en Erliefnis.

Heiansdo kann een eenzegen Toun alles veränneren – ee Wuert, een Otmer. D'Stëmmung, de Rhythmus, den Toun – alles steet a fält mat der richteger Stëmm.
Vu Reklammen a Voiceovers bis hin zu E-Learning Produktiounen, Voicemail an interne Kommunikatiounen: Mir hëllefen dir, déi perfekt Stëmm ze fannen, fir däi Charakter zum Liewen ze bréngen.
Well mir mat Stëmm-Schauspiller aus der ganzer Welt zesumme schaffen, si mir frou, eis Servicer a verschiddene Sproochen unzebidden.

E Lidd ze mixen heescht, Gläichgewiicht, Déift an Emotioun an Harmonie ze bréngen. Hei fënnt all Instrument, all Stëmm, all kleng Nuance seng perfekte Plaz. Frequenze vermëschen sech, d'Dynamik schléit, an den Track erwächt zum Liewen.
Mat eisem léiwe Werner Pensaert hu mir e richtege Meeschter an eise Reien – eng international Referenz, déi mat senger Expertise Kënschtler aus der ganzer Welt an eis Studioe gelackelt huet.

Eis Stëmm ass wéi en Instrument. Se brauch Training, Erfarung an déi richteg Technik fir sech kënnen z’entwéckelen.
Mam Christophe Strotz hu mir en erfuerene Voice-Artist an eise Reien, deen zanter 15 Joer seng Stëmm a Radio- a TV-Produktiounen asetzt. Mat enger professioneller Ausbildung am Gesank a jorelaanger Erfarung a Film-, Museksprojeten, Livebands, Reklammen a villes méi ,bréngt hie Leidenschaft an Expertisen an all eenzelne Projet.
Egal ob Newcomer oder Profi – hie weess, wéi een d'Performance op e next Level bréngt.
Vocal Coaching gëtt souwuel a perséinlechen Eenzelstonnen ugebueden wéi och a Gruppensessiounen.
