Dat as fir d'alleréischt d'Geschicht vun der Maus Ketti als Räpp mat enger Maiserchers-Stëmm. An da witzeg Lidder ewéi «Party beim Siggy» a «Bello Canto» d'Lidd vun engem Mupp dee richteg sangen , oder so mer mol richteg Melodië bille kann. An da rockeg Lidder ewéi: De Piratejäng - Nuets sin ech eleng de Chef - De Stoussnéckel-Blues - Den Herkull Gréng - a - Mir halen zesummen. Mam Fausti, Susy Lentz a Marion Welter.