No "dem Maulef seng nei Box"
elo "de Maulef beim Weier"
De Maulef gesäit enges Daags eppes ganz Fantastesches:
Am Weier schwammen sou kleng butzeg ronn Bëmmelcher.
D’Maische mengt et wären Eeër. Et sinn awer net der Kluck
hier. Déi gesi ganz aneschtes aus, a bei deene kommen an
e puer Deeg kleng Jippelcher eraus.
Dat ass genee dat richtegt fir mech, denkt dee klenge Maulef.
Déi fëschen ech mir aus dem Weier.
A wéi meng der wéi des Geschicht ausgeht?