Déi dräi Raiber.
Dat klengt Tiffany ass ganz eleng op
dëser Welt an um Wee fir an d’Weesenhaus.
Grad wéi hat senger Pëppchen, der Joffer Rosi,
eng wonnerbar Geschicht erzielt,
gëtt hir Kutsch vun dräi komesche
Gesellen iwwerfall.
Mee déi dräi Raiber hate net mam Tiffany gerechent.
Hatt huet guer keng Angscht a schmiert de Mulles,
den Donnerjosy an de Flinn
mol richteg schéin un.
Déi “séis” ... ëhm béis Madame deet d’Kanner
de ganzen Dag am Rommelstéck
schaffen. Se kréie bal Näischt z’iessen.
Si hällt alles fir sech ganz eleng.
D’Tiffany weess wéi et de Kanner hëllefe kann.
Zesumme mat deene “guer net esou schlëmme”
Raiber gëtt et e richtegt schéintHäppy End.
mam Tiffany - Kelly DECKER
de Raiber Mulles - Marc FABER
de Flinn - Fausti CIMA
den Donnerjosy - Roger SEIMETZ
déi béis «zockerséis» Madame Mady DURRER
Mr. Hoppelstrompel - Al GINTER
Dee gestresstene Gendarme - Fons KONTZ
mam Jo DUPONT - Lex KAUFFMANN
Erzieler - Fernand FOX