Dat klengt Griselchen a séng Mamma liewe glécklech an zefridden an der Natur, bis ... dee béise Krappo deen nëmmen un d'Mënz denkt op d'Iddi kënnt fir Biren ze fänken. Déi sollen a séngem Theater danzen well déi méi bëlleg sin ewéi richteg Artisten. Wéi s'ëm Griselchen séng Mamma fänken as hat ganz eleng, hat kuckt an den Stäerenhimmel a rifft dee grousse Bir ëm Hëllef. Den Däddibir kënnt aus de Stären an hëlleft dem Griselchen fir d'Mamma erëm ze fannen. Mat dem klenge Robert als Däddibir, mam Noël als Griselchen a mam Fausti als Krappo.