Wëllkomm, Net agelogged aloggen
wonnerstäerButzege KrëschtdagButzege Krëschtdagdixiebells

FILMER DVD

E schéine Butzege Krëschtdag
An de Waggon
19.00 EUR

E schéine Butzege Krëschtdag

Best-Nr.DVD100

Et ass déi fantastesch Geschicht mam
Butzi, Trill a Lill.

Eng kleng Maischen huet sech verluer an hire gréisste Wonsch ass et
Krëschtdag nees bei der Mamma a beim Papp ze sinn.
De Quinn, den Häer Schniebli, d’Joffer Fiederschachtel,
d’Mademoiselle Laplume alleguer wëllen se hëllefen ....
dat ass guer net esou einfach.
Awer de Butzi, den Trill an d’Lill gi niimools op.


“Du Butzi du” ass eng Série fir Kanner bis 8 Joer,
awer well d’Lidder esou schéi sinn, a well de Butzi esou richteg “Butzeg” ass
sinn d’Mammen an d’Pappen, d’Bomien an d’Bopien genee esou begeeschtert.

Trailer

E schéine Butzege Krëschtdag
De Kleesche mat der Mutz
An de Waggon
19.00 EUR

De Kleesche mat der Mutz

Best-Nr.DVD32

Dee klenge Billy an de Butz hu nach ni Niklosdag a Krëschtdag erlieft, well Biren ëm däi Zäit hire Wanterschlof halen. D'Biremamma schléift schon hallef awer déi zwee näischnotzeg duerchdriwwe Birecher wëllen einfach nët an d'Bett. Si maache nach en Tiirchen duerch de Schnéi a gesi wéi de Monni Fieschter séch e wonnerschéine Krëschtbeemchen opriicht. Elo wëllen déi zwee guer nët méi an d'Bett... E wonnerschéine Film fir déi ganz Kleng mat ville schéine Lidder fir Niklosdag a Krëschtdag.

Trailer

De Kleesche mat der Mutz
Kinneksmausikanten
An de Waggon
19.00 EUR

Kinneksmausikanten

Best-Nr.DVD71

D’Klacke lauden zu Uewerduerf,
well d’Kinnigin kënnt Krëschtdag op Besuch. D’Leit sinn all frou.
Et ass alles richteg gutt viirbereet, d’Krëppespill klappt,
an de Pater Josy a Grubesch Fränz hu matt der Chorale gutt geprouft.

De ­Mulles an de Benny, 2 fantastesch Mausikanten, hun extra e Lidd
fir d’Kinnigin geschriwwen "Stille Nacht" well si wëlle räich a berühmt gin.

De Buergermeeschter ass scho ganz opgereegt, an de
Grof Otto de la Canaille an d’Prinzessin Dolly interesséieren séch e
bëssche vill fir de Goldschaz vun den dräi Kinneken.
Soll dat alt eng stëll an helleg Nuecht ginn…

Trailer

Kinneksmausikanten
d'Tatta Dillendapp
An de Waggon
19.00 EUR

d'Tatta Dillendapp

Best-Nr.DVD35

Eis Geschicht spillt an engem Kannerheem, wou et de Kanner guer net gutt geet.
D’Direktrice, déi béis Madame Knadderlu verspillt all d’Suën, déi fir d’Kanner geduecht sinn owes heemlech mat der Kaart.

D’Kanner si just glécklech wa si mat der Joffer Susy bei der Tatta Dillendapp
spille kënnen. D’Tatta Dillendapp as déi riseg Dänn am Gaart vum Kannerheem

Wéi d’Madame Knadderlu, d’Tatta Dillendapp awer een Zock ëmhae wëllt, mussen d’Kanner eppes ënnerhuelen.

Nëmmen e Wonner kéint elo d’Tatta Dillendapp nach retten!

Trailer

d'Tatta Dillendapp
d'Annabell mat der Schell
An de Waggon
19.00 EUR

d'Annabell mat der Schell

Best-Nr.DVD69

Wësst dir, datt d’Déiren op Hellegowend schwätze kënnen? Nän? Natiirléch nët, well dat ass dem Zinniklos säi grousst Geheimnis. An däer Nuecht däerf jidderee sech eppes wënschen. De Billy kritt dee schéinste Cadeau vun der Welt: et as d’Annabell. Si gin déi allerbeschte Frënn.D’Annabell dreemt dovunn, eng Kéier e Renndéier ze gin an dem Zinniklos säin Himmelswon ze zéien. Mee erfëllt den Zinniklos wiirkléch och esou e grousse Wonsch…Déi agebillten Tatta Tunja wëllt onbedéngt de Billi vu séngem gudde Bopa Charel ewechhuelen. De Billi ka séch nët wieren, well hie seng Stëmm verluer huet. Mee d’Tatta Tunja huet nët mam Annabell gerechent…

Mam Lisa Valentiny - Kelly Niesen - Michel Meis - Kevin Schwinninger - Max Thommes - Josiane Peiffer - Christiane Rausch - Marie-Josée Jacobs - Susy Lentz - Mady Durrer - Carlo Hartmann - Marion Welter - Ab van Goor - Aly Bintz - Paul Arendt - Philippe Dondelinger - Rol Girres - Marc Faber - René Pütz - Fausti Cima - Pol Greisch

Trailer

d'Annabell mat der Schell
de Rudi mat der rouder Nieschen
An de Waggon
19.00 EUR

de Rudi mat der rouder Nieschen

Best-Nr.DVD85

Dee klenge Rudi wëll enges Daags och e Fléi-Renndéier ginn ewéi säi Pappa. Hie fäert net an en huet e gutt Häerz. Mee, o kuck emol, wat ass dann dat do, séng Nues déi glënnert jo!

De Bouni an den Doddo hunn eng gestiicht. O mei elo ass d'Schudrella awer wiirklech béis. Hatt léist et stiermen a bléist esou staark dass kee Renndéier vun der Welt dem Zinnikleesche säi Schlitt elo zéie kann. Wéi dann ? Kënnt de Kleeschen dëst Joer net? ... Ma da kennt dir de Rudi mat der rouder Nieschen awer nach net.

mam Max BRENNER als klenge Rudi, Maïté ENGELBERG als klengt Susy, Kelly NIESEN, Kevin SCHWINNINGER, Chris MARNACH, Christoph STROTZ, Patricia BREUER als Schuderella, Marion WELTER, Susy LENTZ, Mady DURRER, Isabelle MAY, Tinna PETURSDOTTIR Fons KONTZ als Zinnikleeschen, Rol GIRRES, Marc FABER, Jos KOCKELMANN, Jemp SEIL, Al GINTER, Ab van GOOR

Alter: vun 2 Joer unn, wann d'Mamma, d'Bomi, de Bopi oder de Papp derbäi sinn.
Soss vu 4 Joer un.
Zeechentrickfilm 75 Minutten

Trailer

de Rudi mat der rouder Nieschen
Diddi Dibbelchen
An de Waggon
19.00 EUR

Diddi Dibbelchen

Best-Nr.DVD74

Vru laanger Zäit, wéi d’Kanner nach keng Spillsaachen haten, war ganz déif am Bësch e klengt butzegt Duerf wou léif kleng Wiichtelcher gelieft hunn. An ee vunn hinnen, de Bopa Didenndo mecht sech Suergen well den Diddi Dibbelchen dee klengste vun alle Wiichtelcher, keng Gefor kennt. Hien ass einfach ze vill kéng. ...An dunn enges Daags wéi dee fatzege Stuerm bléist, passéiert et. Mee ee Gléck de Monni Nikkla fënnt den Diddi a suergt gutt fir hien. A séngem Atelier bastelt de Nikkla u Spillsaachen fir d’Kanner awer, wéi soll ech soën, se fonktionéieren iirgendwéi nët grad wéi se sollen. Den Diddi hëlleft eng kleng Grimmelchen, a scho klappt et, déi zwee gi grad mat Zäit fäerdeg. Awer sie hate nët matt der Tatta Floudibou, mam Snäpp a mam Brozz gerechent. Oh mei elo wäerten déi dach nët dat grousst Fest verdierwen...mee do huet den Diddi nach eng Iddi.

Et spillen fir den Diddi Dibbelchen dee klengen Chris MARNACH / de Blëtz - Dan SPOGEN
de Bopa Didenndo Marc FABER / Tatta Floudibou - Karin MELCHERT / Märri Krissmëss - Monique REUTER Monni Nikkla - Steve SCHMIT / Brozz a Snäpp - Fausti CIMA / Kelly - Kelly NIESEN
d’Kanner - Cathérine GERIN - Max KLEIN / Wiichtelcher - Marion WELTER - Jemp SEIL - Marc SAUER et sangen Karin MELCHERT - Laura LORENTE - Marion WELTER - Michel MEIS

50 Minutten Zeechentrickfilm - matt 3 wonnerschéine Lidder.
D’Wiichtelcherslidd - D’Floudibou-Show - Ech wär sou gär doheem

Trailer

Diddi Dibbelchen
De Wonnerstaer
An de Waggon
19.00 EUR

De Wonnerstaer

Best-Nr.DVD62

Et huet een et nët liicht, wann een anescht wéi déi aner as. Dee klengen Omar as nët ewéi séng Intebridder a Schwësteren. Si fannen hien ellen, säi Kapp wäer ze déck a säi Schniewel ze laang fir eng Int. Hien as ganz onglécklech. Dunn héiert hien eppes Wonnerbares: Wann een ëm Krëschtdag an d’Stäere kuckt, kann ee séch eppes wënschen. Oh mei, dat as genee dat richtegt, well hien huet nëmmen een enzege Wonsch: «Wann hien dach gutt esou wéi déi aner wäer.» Dat hei as en emoleg schéine Film nom Christian Andersen séngem Mäerchen. Mat schéine Lidder, mat dem Mister Tschiiss, a mat deem léiwe klenge Noëlle wat doheem fortgelaf as, well et och geduecht huet: et wäer kee frou mat him. Krëschtag gët dëst Jor wonnerschéin, well et de Wonnerstäer wiirklech gët.

Trailer

De Wonnerstaer
Dee gudde MONNI RONNI
An de Waggon
19.00 EUR

Dee gudde MONNI RONNI

Best-Nr.DVD90

D’Piepchen, de Maulef, d’Kaweechelchen, d’Kanéngercher, d’Maisercher,
d’Inten, de Fox, den Dachs an den Igel Jäng spillen
de ganzen Dag zesummen am Park.

Et ass richteg flott. Mee si hu mat eppes nët gerechent.

O Mammelikanner!

Ass da keen do, deen hëllefe kann? Dach een, et ass …

Mat deene wonnerbare Stëmmen vun dem klenge
Carla KLEIN - Kelly DECKER - Xenia SIMON - Maïté ENGELBERG
Max BRENNER- Lex KAUFFMANN - Jo DUPONT - Philippe SCHMIT
Max KLEIN - Chris MARNACH- Cédric SCHWEICH
a vum Gérard Valérius als gudde MONNI RONNI

Trailer

Dee gudde MONNI RONNI
d'Famill Hoppelbutz am Schnéi
An de Waggon
19.00 EUR

d'Famill Hoppelbutz am Schnéi

Best-Nr.DVD82

D'Bëmmelchen, de Muerzel, de Knobbes, de Lappes an de Lämpi si bei deem gudde Bopa Theo an der Schnéivakanz. De Knobbes huet sech verletzt wéi en deen anere weise wollt wéi ee Schi fiert. Hie muss doheem bleiwen beim Grommel, mee di zwee hun eng Wëlles. Uhlala, ech weess net ob dat dote riicht ausgeht? An zu Esch op der Cavalcade lauere schon zwee Fatzerten! De Fatzo an de Strolles.

Trailer

d'Famill Hoppelbutz am Schnéi
d'Zockerlili
An de Waggon
19.00 EUR

d'Zockerlili

Best-Nr.DVD65

50 Minutten Zeechentrickfilm mat wonnerschéine Lidder fir kleng a brav Kanner Et as esou schéin am Äerdbiirsgäertchen, dem Zockerlili séng Frënn: d’Marie-Framboise d’Blobiirsbetti an de Mullebutze-Ben plangen eppes ganz spezielles, si wëllen d’Zockerlili iweraschen, op dat klappt…? Enges Daags kritt d’Lili e Bréif. Säi Rezept fir déi beschten Äerdbiirs-täertercher vun der Welt huet gewonnen an elo soll hatt op dee grousse Baakconcour op Big Äpple Zitti. D’Zockerlili sëtzt schon am Flijher, mee wat as dann dat do…? dee granzegen, ranzegen Botterschuedi, wëllt onbedéngt mat sénge Rommelschuedië gewannen. Hie probéiert all faulen Trick, mee d’Lili léiert d’Knippchen zu Big Äpple Zitti kennen. Et gët spannend, wie gewënnt dëse grousse Concours? mam Zockerlili (Catherine GERIN) - Knippchen (Kelly NIESEN) - Blobiirsbetti (Isabelle HOFMANN) - Mullebutze-Ben (Xavier HOFMANN) - Marie-Framboise (Kelly JANIZZI) - Eclairchen (Nora JANIZZI) - Makréinchen (Joëlle GELHAUSEN) - Stuppi Streisel (Joel ZIMMER) - Jean Fätuu (Rol GIRRES) - Sonnekinnék (Aly BINTZ) - Granzege ranzege Botterschuedi (FAUSTI). Et sangen: Catherine GERIN - Mady DURRER - Susy LENTZ - Fausti - Ab van GOOR

Trailer

d'Zockerlili
De Flippo
An de Waggon
19.00 EUR

De Flippo

Best-Nr.DVD54

De Flippo wunnt am Bësch an engem coole Zigeinerwaggon. Hien huet ganz speziell Kollege esouer wéi de Kuebemetti, de Lappes, de Schnurri, de Camill, den Teis, d'Milli, de Pippo an d'Eil déi alles weess. 16 Geschichten an denen si d'Natur entdecken a jidderengem hëllefen deem et schlecht geet. Si hun de ganzen Dag vill Aarbécht a si léieren all Dag nei Frënn kennen. De Flippo an d'Muséksnout - D'Feierblumme pätschen - As vill Schampoing ze vill? - De Blinti spillt falsch Bei der Beiekinnigin - De Plogeescht - D'Maismännercher kommen Déi déck Méck nerft - De Flippo an de Jos - Krëschtdag am Summer asw. De Jemp SCHUSTER spillt an erzielt dës wonnerbar Geschichten fir déi ganz Kleng

Trailer

De Flippo
Mam Jangli ronderëm d'Welt
An de Waggon
19.00 EUR

Mam Jangli ronderëm d'Welt

Best-Nr.DVD87

De Ben huet um Fernseh gesinn, datt et Déieren op eiser Welt ginn, déi et net gutt hunn.
Se gi gejot a verdriwwen, an elo huet hien Angscht ëm säi gudde Mulles.
Déi zwee maache sech aus dem Stëps.
Wouhinner? Ma einfach de Schinnen no: mam Jangli rondrëm d'Welt
Si begéinen dem Zimbo, dee virun de Jeeër fortlafe muss; der Madame Tiger, déi hiert Heem verluer huet, well se d'Bëscher ofholzen, dem Rob a nach villen anere Frënn.
Mee do ass dee strenge Kontroller, an dee kontrolléiert ob och jiddereen e Billjee huet.
O mei, kann de Ben se all retten ...

Trailer

Mam Jangli ronderëm d'Welt
Déi dräi Raiber
An de Waggon
19.00 EUR

Déi dräi Raiber

Best-Nr.DVD94

Déi dräi Raiber.

Dat klengt Tiffany ass ganz eleng op
dëser Welt an um Wee fir an d’Weesenhaus.
Grad wéi hat senger Pëppchen, der Joffer Rosi,
eng wonnerbar Geschicht erzielt,
gëtt hir Kutsch vun dräi komesche
Gesellen iwwerfall.

Mee déi dräi Raiber hate net mam Tiffany gerechent.
Hatt huet guer keng Angscht a schmiert de Mulles,
den Donnerjosy an de Flinn
mol richteg schéin un.

Déi “séis” ... ëhm béis Madame deet d’Kanner
de ganzen Dag am Rommelstéck
schaffen. Se kréie bal Näischt z’iessen.
Si hällt alles fir sech ganz eleng.
D’Tiffany weess wéi et de Kanner hëllefe kann.
Zesumme mat deene “guer net esou schlëmme”
Raiber gëtt et e richtegt schéintHäppy End.

mam Tiffany - Kelly DECKER
de Raiber Mulles - Marc FABER
de Flinn - Fausti CIMA
den Donnerjosy - Roger SEIMETZ
déi béis «zockerséis» Madame Mady DURRER
Mr. Hoppelstrompel - Al GINTER
Dee gestresstene Gendarme - Fons KONTZ
mam Jo DUPONT - Lex KAUFFMANN
Erzieler - Fernand FOX

Trailer

Déi dräi Raiber
De klenge grousse Kinnek
An de Waggon
19.00 EUR

De klenge grousse Kinnek

Best-Nr.DVD97

De Siggy ass nach esou kleng a gëtt scho Kinnek.
Ee Gléck, den Ugenius, säi Frënd a Schoulmeeschter hëlleft him,
well e muss nach ganz vill léieren.
Hie wëllt e Kinnek fir d’Kanner sinn, a fir dass
jiddereen all Déiere vun der Welt kenne léiert,
léisst de Siggy en Déierepark bauen.

Hie flitt op Togobongo well do déi schéinsten Déiere sinn,
mee dat ass net ongeféierlech, oder?
Kritt dee klenge Kinnek dat alles an de Grëff?
An doheem wëllen dee Brätzert vu Generol an
de Prënz Hännessy selwer Kinnek ginn.
Mee de Siggy weess: richteg Frënn si fir ëmmer!

vu 4 Joer un

Trailer

De klenge grousse Kinnek
Braddelbësch
An de Waggon
19.00 EUR

Braddelbësch

Best-Nr.DVD78

De Bosco, de Pino an de Picco braddelen de ganzen Dag mateneen, si hunn e richtegt gutt Liewen hei am Bësch. Si halen d'Vullenäschter un a sangen 'd'Lidd vum Wand' bis enges Dags en Telefonspotto direkt niewent hinnen opgeriicht gëtt.
Dee klenge Florry huet séch an d'Lorry verkuckt, hatt ass awer och dat allerschéinst hei am Bësch.
Mee der Madame Schrilla ass net ze trauen, si huet keng Gutt an der Kopp. Oh Florry pass gutt op dech op…
Ee Gléck hei am Bësch halen di Kleng all zesummen.
mam Théa ENGEL - Monique REUTER - Chris MARNACH - Noémie FRANCOIS - Marc OLINGER - Fernad FOX - Marc FABER - Faust CIMA - Roll GIRRES - Jemp SEIL - Max THOMMES - Roger STAHL - Monique REUTER - Rita LAVINA - Mady DURRER

Trailer

Braddelbësch
De klenge Fuzz
An de Waggon
19.00 EUR

De klenge Fuzz

Best-Nr.DVD41

DMatzen am Bësch ënnert de Wuerzelen vun engem décke Bam wunnt de Renert mat sénger ganzer Fuussefamill. Vun all sénge Klengen as een deen duerchdriwwensten: et as de Fuzz. De Fuzz verleeft séch am Bësch, a wéi en heem kënnt, as kee méi vu sénger Famill do. Säi Monni Rosso léiert hien elo alles wat en dichtege Fuuss wësse muss. Enges Daags traut hien séch bei d'Haus vum Flëntemann, an do gesäit en an enger Këscht agespaart; d'Fizzi. Kann de Fuuzz d'Fizzi retten, et as eng geféierlech Saach. Mam Monica als Fuzz a mam Marco Faber als Monni Rosso.

Trailer

De klenge Fuzz
De Willi Fladder
An de Waggon
19.00 EUR

De Willi Fladder

Best-Nr.DVD45

De Willi huet séch erëm eng Kéier laanscht d'Schoul gedréckt. Vu Langweil schéisst hien op d'Spatzen, mee en huet nët mat der Spatzefee Fladerella gerechent. Duerch eng kleng «Panne» gët de Willi an e Spatz verzaubert. Mee hien huet jo ni fléie geléiert. Deen ale Spatz Tschippu weist dem Willi wéi et geet. Dofir léiert de Willi hie liesen a schreiwen. Mee wou bleift dann d'Fladerella mat hirem Zauberspray, well dem Willi geet den Dadder. Dat hei as e richtegt Mäerchen mam Monica als Willi Fladder, mam Fernand Fox als Tchippu a mat zwee wonnerschéine Lidder.

Trailer

De Willi Fladder
Paff den Zauberdraach
An de Waggon
19.00 EUR

Paff den Zauberdraach

Best-Nr.DVD86

De Jaki liewt a sénger egener Welt, hie schwätzt nët, an hien huet keng Frënn, keen eenzegen. Bis deen Daag wou en dem Paff begéingt. Vun do unn geet alles vill méi liicht.

Am Land wou et niwwelt a kraacht
D'Lisi weess selwer nët méi wat wouer, wat gelunn a waat iwwerdriwwen ass. Do kann nëmme nach een hëllefen:de Paff

De Paff ass Paff
De Charel ka ganz aner Saachen ewéi all déi aner Kanner. Hien huet vill fantasie a kann zum Beispill verdruddelt Reimer maachen. Mee hien traut séch nët richteg, bis . . .

Alter: vun 3 bis12 a vu 25 bis 85 Joer
Zeechentrickfilm 3 X 25 Minutten

Trailer

Paff den Zauberdraach
De klenge Jangli
An de Waggon
19.00 EUR

De klenge Jangli

Best-Nr.DVD55

Dee klenge Jangli as eng butzeg Rangéier-Lokomotiv, deen déi grouss Lokomotiven aus dem Schapp eraus zitt. Hie géif esou gäer mol e richtegen Zuch zéien. Mee hien as ze kleng! As haut vläicht säi groussen Dag? De Brommel kann nët, dee staarken Zédrik wëll nët, d'Zilla huet eng Zinüsitt am Kamäin an de Ronkitonki as ze schwaach. A Wien zitt elo dee grousse Spillsaachenzuch iwwert deen héige Bierg? De Jangli as wiirklech ze kleng! Dat packt hie nimools! Mee de Jangli weess: Et kann ee wann ee wëll ! Op dësem Film as och déi wonnerbar Jangli's Musék aus dem Häppi Diwwi.

Trailer

De klenge Jangli
De Suggi vu Lutziburri
An de Waggon
19.00 EUR

De Suggi vu Lutziburri

Best-Nr.DVD50

Dat hei as déi fantastesch Geschicht vum Grof Suggi vu Luzziburri. Vru laanger Zäit, zu Luzziburri, hun d'Leit hannert denen décke Festungsmaueren gutt gelieft. Si haten alles wat se gebraucht hun, a nach e grousse Schatz derbäi, a genee dee wollten all déi aner hinnen ewech huelen. De Suggi muss séch fatzeg wiren well de Gouvernör an dee näisch-notzege Kutto wëllen hien eraleën. D'Ketti Schmull liest am Suggi sénger Hand dass hien op séngem Hochzäitsdag de Schatz fënnt... oder gët et iren nach méi e grousse Schatz zu Luzziburri.

Trailer

De Suggi vu Lutziburri
Déi frou Kou Josefin
An de Waggon
19.00 EUR

Déi frou Kou Josefin

Best-Nr.DVD76

D'Josefin ass richteg frou, hatt wunnt mat senger Mammi a mat sengem Pappi an enger wonnerschéiner Wiss. Hei erlieft hatt all Dag eppes Neies. Dat ass ganz opregend, well Léieren, dat ass nach ëmmer dat allerschéinst. An d’Josefin huet di beschte Frënn vun der Welt. Den Zaff mat där wonnerbarer Nues, de Fränz, an dee verfroossene Wally. Am allerfrousten ass d’Josefin awer mat senger gudder Bomi

Zeechentrickfilm 75 Minutten
Alter: 0 - 6 Joër & 25-85 Joër

11 fantastesch Geschichten mam Josefin a senge Frënn

mam
Maïté ENGELBERG
Chris MARNACH
Philippe SCHMIT - Georges KUHN
Max KLEIN - Yorrick CORREIA
Kelly NIESEN - Lisa TAVARES
Mamma LENTZ - Pappa CIMA
Bomi REUTER a Mady DURRER

Trailer

Déi frou Kou Josefin
Den Däddibir
An de Waggon
19.00 EUR

Den Däddibir

Best-Nr.DVD48

Dat klengt Griselchen a séng Mamma liewe glécklech an zefridden an der Natur, bis ... dee béise Krappo deen nëmmen un d'Mënz denkt op d'Iddi kënnt fir Biren ze fänken. Déi sollen a séngem Theater danzen well déi méi bëlleg sin ewéi richteg Artisten. Wéi s'ëm Griselchen séng Mamma fänken as hat ganz eleng, hat kuckt an den Stäerenhimmel a rifft dee grousse Bir ëm Hëllef. Den Däddibir kënnt aus de Stären an hëlleft dem Griselchen fir d'Mamma erëm ze fannen. Mat dem klenge Robert als Däddibir, mam Noël als Griselchen a mam Fausti als Krappo.

Trailer

Den Däddibir
den TSCHILL
An de Waggon
19.00 EUR

den TSCHILL

Best-Nr.DVD61

Den Tschill, an den Tschilvain sinn ëmmer gutt dropp,
si follege gutt, a léiere gutt
awer si maachen och emol heiansdo Dommheeten.

D’Monique Reuter spillt an erzielt
16 Tschill-Geschichten
fir richteg gutt ze schlofen, well wann een anere gehollef huet,
oder et huet een eppes Schéines erlieft, da schléift een am allerbeschten.


1. E schéine Kaddo
2. Den Tschill baakt e Kuch
3. De Metti wëll fléien
4. Dee schéinste Fernseh
5. Wann s d’eppes kanns
6. De Luppes ass frou
7. Groussen Danzconcours
8. E Nilpäerd an der Musel
9. Wou ass d’Tschilvie?
10. De Jang, dee Blannen
11. Ass de Léiw verléift?
12. Dee grousse Schaatz
13. D’Nuechtegailchen
14. Buenos Dias Tschillo!
15. Wat e Pohénkelchenn
16. Goldfëschelcher fléien


Trailer

den TSCHILL
Picknick mam Monni Ronni
An de Waggon
19.00 EUR

Picknick mam Monni Ronni

Best-Nr.DVD91

De Monni Ronni huet haut fräi.
Hie wëllt e klenge Picknich maachen, ganz eleng.

D’Inten, d’Maisercher, den Dax, de Fox, den Igel an
d’Kanéngercher hunn dat awer matkritt.

O Mammelikanner!
Wat ass geschitt? D’Nabbel ass verschwonnen.
Dat huet awer och keng Gutt an der Kopp.

De Monni Ronni hat nach gesot: Pass gutt op, du klengen Hoppelhopp!

Trailer

Picknick mam Monni Ronni
Den Hieschen mat der Schnoffelnieschen
An de Waggon
19.00 EUR

Den Hieschen mat der Schnoffelnieschen

Best-Nr.DVD53

E klenge Mippchen, de Wolli as am Bësch verluer gaang.
Mee hien huet Chance. Sechs kleng Hiesercher: De Flizz, de Knulles, d'Nabbel, d'Koppi, d'Knipp an de Bullchen, huelen hien an hirer Huesefamill op. Si léieren hien alles wat een am Bësch wësse muss. De Wolli mengt dass d'Mënschen den Déieren hir Frënn wieren, awer d'Hiesercher wëssen dat vill besser, si trauen em Karlo Klabes iwwerhaapt nët. Awer et däerf een och nët ëmmer fortlafen, wann et bränzleg gët. Ee Gléck een Hieschen huet déi richteg Nieschen.

Trailer

Den Hieschen mat der Schnoffelnieschen
d'Famill Hoppelbutz
An de Waggon
19.00 EUR

d'Famill Hoppelbutz

Best-Nr.DVD80

Fënnef kleng Hiesercher: d'Bëmmelchen, de Muerzel. de Lappes, de Knobbes an de Lämpi, liewe mat der Bomi an hirem gudde Papp. Si léiere gutt, si folleche gutt, si namme gutt, si laachen a si schaffe vill: Si sinn d'Hoppelbutz Famill. Enges Daags huet de Pappa eng grouss Iwerraschung: si plënneren. Wann esou kleng Hiesercher méi grouss ginn, ass dat wi wann d'Haus méi kleng géif ginn. Wow, dat neit Haus ass fantastesch, just de Lappes ass traureg: Heiheem hat hien dach séng Frënn, hien kennt de Wee fir an d'Schoul schon auswänneg, an do ass jo och nach dat Kuebeketti...

Bëmmelchen Maïté ENGELBERG Muerzel Prisca MARNACH - Lappes Yorrick CORREIA Knobbes Philippe SCHMIT - Lämpi Chris MARNACH Jos Hoppel Félix EISCHEN - Bomi Monique MILLE Fladderjak Fausti CIMA - Kuebeketti Mady DURRER Ilse an Elsa Théa ENGEL a Karin MELCHERT

et sangen: Michel Meis - Marion WELTER - Faustino CIMA Opnahmen: Jang LINSTER

Zeechentrickfilm, 60 Minutten mat flotte Lidder

Trailer

d'Famill Hoppelbutz
D'Nabbelchen
An de Waggon
19.00 EUR

D'Nabbelchen

Best-Nr.DVD68

12 Extra léif Geschichten fir déi ganz Kleng bis 4 Joer. Dem Dick BRUNA säi “Nabbelchen” (Miffy) as op der ganzer Welt bekannt (80 Millioune Bicher, an 33 Sproochen). D’Biller loossen de Kanner vill Plaz fir hir ege Fantasy. D’Nabbelchen erlieft elauter flott Saachen, a léiert esou déi grouss Welt kennen. Zesumme matt senger Famill a senge Frënn entdeckt hatt villes wat et nach nët kannt huet, a freet sech op all neien Dag. 12 Geschichten erzielt vun dem klenge Kelly NIESEN. D’Nabbelchen huet Gebuertsdag - De Velo - Dem Nabbelchen säin Haus - An der Schoul - E Besuch am Zoo - Den Orchester - De Monni Jos am Fliger - Wou ass de Petzi? - E schnéiwäisst Gackelchen - D’Bomi an de Bopi - Op der Plage - Dee klenge giele Villchen. 60 Minutten Zeechentrickfilm.

Trailer

D'Nabbelchen
Kiriku
An de Waggon
19.00 EUR

Kiriku

Best-Nr.DVD88

DE KIRIKU an déi wëll Déieren

De Kiriku ass deen aller Klengsten, hien ass ëmmer gutt dropp, hien traut sech, an hie gëtt nimools op.
Dofir ass hie vläicht dee Gréissten. Hie fäert och déi wëll Hyän net.
Dem Kiriku an all denen aneren géing et eigentléch gutt goën, wann do net d’Karaba, déi rosen Hex wär.
De Kiriku huet eng fantastesch Iddi, an d’Kanner aus dem ganzen Duerf hëllefen him.
O pass gutt op Karaba, de Kiriku ass zwar kleng, mä … schéin op Zack!

Zeechentrickfilm 75 min.
Alter: 2-100 Joer

mam Junior DOS SANTOS - Sascha LEY - Thierry Van WERWEKE - Jacky MONTEIRO - Nicole IKUKU - Jully MABENGA - Caly & José-Marie MONTEIRO - Monica SEMEDO

Trailer

Kiriku
Bollo
An de Waggon
19.00 EUR

Bollo

Best-Nr.DVD47

Zwee Bollo Filmer

E BALL FIR DE BOLLO
De Bolo huet sech heemlech bei senger Frëndin Billa en Hoppla Hoppelball ausgeléint, fir domat unzegin.
Mee hie kritt de Ball geklaut. D'Billa kräischt an de Bollo wees net, wei en un en neien Hoppla Hoppelball kënnt.

BOLLO SIEF KEE BËLLES
De Bollo spillt wonnerbar mam Lëppes 'wullen' am Gaart, bis hie gewuer gët wéi séier et geet fir déck Problemer ze kréien. De Bollobopi erzielt him vum Professer Denkmolno. De Bollo huet et elo bekäppt , well de Bollo as dach kee Bëlles ... oder?

De Bollo an d'Billa, de Bollobopi, de Lëppes, de Brätz an d'Brutz:eng lëschteg Equippe, mat däer ee laache kann, an déi eis weist, wat ee maache musss fir séch gutt ze fillen.

Trailer

Bollo
D'Ouschterfee
An de Waggon
19.00 EUR

D'Ouschterfee

Best-Nr.DVD58

Den Hoppel, de Schildo, d’Marie-Quaak an d’Molli kréien den Eerkontrakt vun der Ouschterfee. Si sollen dem Ouschterhieschen honnert dausend Eer liwweren. Elo kënnen se den Héngerhaff vum Bauer Lauer virum Otto Schrott retten. Mee deem as nët ze trauen. Ee Gléck do as nach den Ouschter-Emile. An dat éischt Ouschteree. E klengen Hieschen, wëll sénger Mamma e wonnerbaren Ouschterkaddo maachen. Awer dat as guer nët esou einfach. 2 Wonnerschéin Ouschterfilmer op enger Video Kassett.

Trailer

D'Ouschterfee
Déck Fësch am Bambësch
An de Waggon
19.00 EUR

Déck Fësch am Bambësch

Best-Nr.DVD49

Déck Fësch am Bambësch

De Kaperol Nikki Zurri huet vill Arbecht:
d’Sängerin Ketti Schmalz an de Professer Papperlapipp sin entfouert gin.
Hien as op enger gudder Spuer, an déi féiert direkt bei ... de Nullatsch.

Dat as kee Gudden. Hie plangt de Coup vum Jorhonnert.
Ass säin Assistent Bullarosso wiirklech esou schwéier vu Begrëff?
Et geet ëm de Bambësch!

De Kapitän Barbullo hëllt elo d’Affär selwer an d’Hand.
Dat klengt Pëppi weist him de Wee. Mee och wann hie séch op de Kapp stellt,
et ass net esou einfach, well ... hei geet et em e ganz ganz décke Fësch.

Trailer

Déck Fësch am Bambësch