Den Olio as aus enger Zäit an däer d'Männer nach Kavaléier waren. Charmant, elegant, an diskret, an en huet eng Stëmm wéi nëmmen all Jorhonnert eng erfir bréngt, douce ewéi Saamett a waarm ewéi Lava. Hie séngt fir säi klenge Bijou, fir d'Lola a fir d'Angélique 'Du kanns däin Häerz keng zweemol verschenken'. Dem Irène séngt hien 'Je t'aime comme la Bottercrème' mee hie séngt och dem Léonie, well et weess ee jo nie. Et as Musék déi den Häeren esou an d'Been geet dass se souguer nees Loscht hun fir matt hirer egener Fra ze danzen, a wa nët, séngt den Olio: Dammentour, mon Amour fir all déi di hiirt Häerz mol verluer. CD Olio Galanti mam Zilvester Orchester 18 Lidder fir ze danzen an ze dreemen Dammentour - Brillantine - Klenge Bijou - Du kanns däin Häerz keng zweemol verschenken - Léonie - Je t'aime comme la Bottercrème - Lola Ka méch einfach nët entscheeden - Angélique, 't mécht just emol klick Jo a neen - Dag a Nuechtegeilchen - Mamma danz Mambo - Kleng schei Bei Wann am Summer d'Blumme bléien - Dir as dat dach alles puup egal Triny Triny - Oh wat bas du sou lackeleg - Spill nët mam Feier Mat Dänz aus den 20er Joren: Foxtrott, Tango, Englesch Waltz, Quickstep, Rumba a Mambo.