Wëllkomm, Net agelogged aloggen
kréckel

NIKLOSDAG

Léiwe Kleeschen
An de Waggon
16.00 EUR

Léiwe Kleeschen

Best-Nr.CD40

Hei sin all déi gutt al Kleesercherslidder beieneen ewéi:
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen - Nach emol gi mir schlofen -
Kanner, loost mer lëschteg sin - Am Uewe potert d'Feier
Am Dezember vru Niklosdag - Ei,ei,ei lo as de Kleeschen hei.

Awer och dem Monica säin éischten Hit - De Räpp vum Housécker am Läpp -
O wat hätt ech gär, wa mäi Pabba méi oft bei mir wär
Léiwe Kleeschen, ech verspriechen dir -
Et rabbelt an der Broutgaass.

Léiwe Kleeschen ech verspriechen dir 01 - Léiwe Kleeschen ech verspriechen dir
De Räpp vum Houseker am Läpp 02 - De Räpp vum Houseker am Läpp
Nach emol gi mer schlofen 03 - Nach emol gi mer schlofen
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen 04 - Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen
Bal um Enn vun der Welt 05 - Bal um Enn vun der Welt
't rabbelt an der Broutgaass 06 - 't rabbelt an der Broutgaass
Am Dezember vrun Niklosdag 07 - Am Dezember vrun Niklosdag
Kanner loosst mer lëchteg sinn 08 - Kanner loosst mer lëchteg sinn
O wat hätt ech gär 09 - O wat hätt ech gär
Am Uewe potert d'Feier 10 - Am Uewe potert d'Feier
ei, ei, ei, lo as de Kleeschen hei 11 - ei, ei, ei, lo as de Kleeschen hei
Gutt Nuecht 12 - Gutt Nuecht
De Kleesche mat der Mutz
An de Waggon
19.00 EUR

De Kleesche mat der Mutz

Best-Nr.DVD32

Dee klenge Billy an de Butz hu nach ni Niklosdag a Krëschtdag erlieft, well Biren ëm däi Zäit hire Wanterschlof halen. D'Biremamma schléift schon hallef awer déi zwee näischnotzeg duerchdriwwe Birecher wëllen einfach nët an d'Bett. Si maache nach en Tiirchen duerch de Schnéi a gesi wéi de Monni Fieschter séch e wonnerschéine Krëschtbeemchen opriicht. Elo wëllen déi zwee guer nët méi an d'Bett... E wonnerschéine Film fir déi ganz Kleng mat ville schéine Lidder fir Niklosdag a Krëschtdag.

Trailer

De Kleesche mat der Mutz
d'Tatta Dillendapp
An de Waggon
19.00 EUR

d'Tatta Dillendapp

Best-Nr.DVD35

Eis Geschicht spillt an engem Kannerheem, wou et de Kanner guer net gutt geet.
D’Direktrice, déi béis Madame Knadderlu verspillt all d’Suën, déi fir d’Kanner geduecht sinn owes heemlech mat der Kaart.

D’Kanner si just glécklech wa si mat der Joffer Susy bei der Tatta Dillendapp
spille kënnen. D’Tatta Dillendapp as déi riseg Dänn am Gaart vum Kannerheem

Wéi d’Madame Knadderlu, d’Tatta Dillendapp awer een Zock ëmhae wëllt, mussen d’Kanner eppes ënnerhuelen.

Nëmmen e Wonner kéint elo d’Tatta Dillendapp nach retten!

Trailer

d'Tatta Dillendapp
d'Annabell mat der Schell
An de Waggon
19.00 EUR

d'Annabell mat der Schell

Best-Nr.DVD69

Wësst dir, datt d’Déiren op Hellegowend schwätze kënnen? Nän? Natiirléch nët, well dat ass dem Zinniklos säi grousst Geheimnis. An däer Nuecht däerf jidderee sech eppes wënschen. De Billy kritt dee schéinste Cadeau vun der Welt: et as d’Annabell. Si gin déi allerbeschte Frënn.D’Annabell dreemt dovunn, eng Kéier e Renndéier ze gin an dem Zinniklos säin Himmelswon ze zéien. Mee erfëllt den Zinniklos wiirkléch och esou e grousse Wonsch…Déi agebillten Tatta Tunja wëllt onbedéngt de Billi vu séngem gudde Bopa Charel ewechhuelen. De Billi ka séch nët wieren, well hie seng Stëmm verluer huet. Mee d’Tatta Tunja huet nët mam Annabell gerechent…

Mam Lisa Valentiny - Kelly Niesen - Michel Meis - Kevin Schwinninger - Max Thommes - Josiane Peiffer - Christiane Rausch - Marie-Josée Jacobs - Susy Lentz - Mady Durrer - Carlo Hartmann - Marion Welter - Ab van Goor - Aly Bintz - Paul Arendt - Philippe Dondelinger - Rol Girres - Marc Faber - René Pütz - Fausti Cima - Pol Greisch

Trailer

d'Annabell mat der Schell
de Rudi mat der rouder Nieschen
An de Waggon
19.00 EUR

de Rudi mat der rouder Nieschen

Best-Nr.DVD85

Dee klenge Rudi wëll enges Daags och e Fléi-Renndéier ginn ewéi säi Pappa. Hie fäert net an en huet e gutt Häerz. Mee, o kuck emol, wat ass dann dat do, séng Nues déi glënnert jo!

De Bouni an den Doddo hunn eng gestiicht. O mei elo ass d'Schudrella awer wiirklech béis. Hatt léist et stiermen a bléist esou staark dass kee Renndéier vun der Welt dem Zinnikleesche säi Schlitt elo zéie kann. Wéi dann ? Kënnt de Kleeschen dëst Joer net? ... Ma da kennt dir de Rudi mat der rouder Nieschen awer nach net.

mam Max BRENNER als klenge Rudi, Maïté ENGELBERG als klengt Susy, Kelly NIESEN, Kevin SCHWINNINGER, Chris MARNACH, Christoph STROTZ, Patricia BREUER als Schuderella, Marion WELTER, Susy LENTZ, Mady DURRER, Isabelle MAY, Tinna PETURSDOTTIR Fons KONTZ als Zinnikleeschen, Rol GIRRES, Marc FABER, Jos KOCKELMANN, Jemp SEIL, Al GINTER, Ab van GOOR

Alter: vun 2 Joer unn, wann d'Mamma, d'Bomi, de Bopi oder de Papp derbäi sinn.
Soss vu 4 Joer un.
Zeechentrickfilm 75 Minutten

Trailer

de Rudi mat der rouder Nieschen
Diddi Dibbelchen
An de Waggon
19.00 EUR

Diddi Dibbelchen

Best-Nr.DVD74

Vru laanger Zäit, wéi d’Kanner nach keng Spillsaachen haten, war ganz déif am Bësch e klengt butzegt Duerf wou léif kleng Wiichtelcher gelieft hunn. An ee vunn hinnen, de Bopa Didenndo mecht sech Suergen well den Diddi Dibbelchen dee klengste vun alle Wiichtelcher, keng Gefor kennt. Hien ass einfach ze vill kéng. ...An dunn enges Daags wéi dee fatzege Stuerm bléist, passéiert et. Mee ee Gléck de Monni Nikkla fënnt den Diddi a suergt gutt fir hien. A séngem Atelier bastelt de Nikkla u Spillsaachen fir d’Kanner awer, wéi soll ech soën, se fonktionéieren iirgendwéi nët grad wéi se sollen. Den Diddi hëlleft eng kleng Grimmelchen, a scho klappt et, déi zwee gi grad mat Zäit fäerdeg. Awer sie hate nët matt der Tatta Floudibou, mam Snäpp a mam Brozz gerechent. Oh mei elo wäerten déi dach nët dat grousst Fest verdierwen...mee do huet den Diddi nach eng Iddi.

Et spillen fir den Diddi Dibbelchen dee klengen Chris MARNACH / de Blëtz - Dan SPOGEN
de Bopa Didenndo Marc FABER / Tatta Floudibou - Karin MELCHERT / Märri Krissmëss - Monique REUTER Monni Nikkla - Steve SCHMIT / Brozz a Snäpp - Fausti CIMA / Kelly - Kelly NIESEN
d’Kanner - Cathérine GERIN - Max KLEIN / Wiichtelcher - Marion WELTER - Jemp SEIL - Marc SAUER et sangen Karin MELCHERT - Laura LORENTE - Marion WELTER - Michel MEIS

50 Minutten Zeechentrickfilm - matt 3 wonnerschéine Lidder.
D’Wiichtelcherslidd - D’Floudibou-Show - Ech wär sou gär doheem

Trailer

Diddi Dibbelchen
De Wonnerstaer
An de Waggon
19.00 EUR

De Wonnerstaer

Best-Nr.DVD62

Et huet een et nët liicht, wann een anescht wéi déi aner as. Dee klengen Omar as nët ewéi séng Intebridder a Schwësteren. Si fannen hien ellen, säi Kapp wäer ze déck a säi Schniewel ze laang fir eng Int. Hien as ganz onglécklech. Dunn héiert hien eppes Wonnerbares: Wann een ëm Krëschtdag an d’Stäere kuckt, kann ee séch eppes wënschen. Oh mei, dat as genee dat richtegt, well hien huet nëmmen een enzege Wonsch: «Wann hien dach gutt esou wéi déi aner wäer.» Dat hei as en emoleg schéine Film nom Christian Andersen séngem Mäerchen. Mat schéine Lidder, mat dem Mister Tschiiss, a mat deem léiwe klenge Noëlle wat doheem fortgelaf as, well et och geduecht huet: et wäer kee frou mat him. Krëschtag gët dëst Jor wonnerschéin, well et de Wonnerstäer wiirklech gët.

Trailer

De Wonnerstaer